Saxwelt
Das deutsche Saxophonbuch

Wien erënnert sech un de Kampf fir d'Titelsäit?
Wéinstens ass d'Récksäit "Made in Luxembourg" ;-)

Dëst Buch erzielt vum Adolphe Sax, vun den éischte Firmen déi Saxophonen hiergestallt hunn (hier ganz Geschicht), vun de verschiddenen Zorten, Bauformen, dem C-Melody, generell Infos fir de Kaf vun engem Saxophon, d’ Accessoiren, Becs, Bliedercher a wéi se gemaach ginn, e kuerzen Abléck iwwer d’Restauréierung, en Artikel iwwer Dinant a natiirlech vill Biller vu Saxophonen.
Ganz interessant ass och de Schluss vum Buch wou vun alle beschtbekannte Saxophonhiersteller d’Serienummeren an d’Baujoeren opgelëscht sinn.
D’Buch kascht 20,80 € a kann um site www.saxwelt.de bestallt ginn. Et kann een et awer och bei mir (nothum@vo.lu) bestellen oder am Geschäft NM Project direkt kafen, e puer Exemplairen sinn do disponibel.
Am Buch och ze fannen: En Artikel, a Lëtzebuerg geschriwwen, publizéiert an engem däitsche Buch an en erzielt vun enger belger Stat :-)


